4 Neizougäng fir eis Dammen!

23rd June 2024

club logo

Football Club Swift Hesper

Mir sinn frou déi éischt 4 Neizougäng fir d‘Saison 2024/2025 presentéieren ze kënnen:


D’Charlotte Zirbes wiesselt op den Hesper Holleschbierg. Déi 17 Joer jonk Goalkeeperin huet déi läscht Saisonen beim FC Victoria Rosport gespillt.


Vum CSO Amneville kënnt d’Coraline Corplet bei de Swift! Mat séngen 27 Joer huet hat läscht Saison nëtt manner wéi 69 Goaler geschoss, an et dierft och hei am Championat fir Gefor suergen!


D’Nadine Tangeten, 34 Joer jonk, kënnt dann vum FC Jeunesse Junglinster bei de Swift. Hat verstärkt eis Defense fir déi nei Saison.


Mam Andreia Machado wiesselt dann eng Nationalspillerin op Hesper! Och hat wäert eis Verteidegung verstärken!

 

E grousse Merci dann och un Athletics Advisors a méi genau dem Christophe Puhl fir d'Zesummenarbescht!

Fotograféiert vum Philippe Zwick

image