4 Neizougäng bei den Dammen!

3rd July 2024

club logo

Football Club Swift Hesper

Mir sinn frou 4 wieder Spillerinnen an eise Reihen begréissen ze kënnen!

Mat sengen 28 Joer ass d’Alexia Richards säit Joeren eng fest Gréisst beim Staater Racing! D’Mëttelfeldspillerin wärt zukünfteg epuer Kilometer méi südlech um Holleschbierg spillen!

E weideren Neizougang op de mer ganz houffreg sinn musse mer och guer net fierstellen: Mam Amy Thompson wiesselt eis Rekordnationalspillerin vu Mamer op Hesper! Mat 28 Goaler a 40 Matcher huet hat e groussen Undeel un de rezenten Erfolleger vun eise Roude Léiwinnen!

D’Léa Pizzimenti huet 25 Joer a kënnt och vum Racing op Hesper. An der Vergangenheet war d’Léa och schon beim SC Beetebuerg aktiv. Och hat fillt sech am Mëttelfeld wuel!

De 4.ten Transfer den mer haut presentéieren kënnen ass kee geréngeren wéi den vum Karoline Kohr! Ausgezechend mam „Dribble d’Or Award 2024“ als bäschte Spillerin aus der Ligue 1 kënnt eng immens tallentéiert Spilleren bei de Swift. Déi 28 Joer Jonk Spillerin vun Tréier huet an der Vergangenheet schon beim 1.FC Köln gespillt!

Häerzlech Wëllkomm!

Fotograféiert vum Philippe Zwick

image
image
image
image