Neizougäng fir d'Saison 2024/2025!

22nd July 2024

club logo

Football Club Swift Hesper

Fir d’Saison 2024/2025 gëtt et vill Wiessel an der Ekipp. Nodems méi wéi eng Dosen Spiller de Swift verloos hunn, respektiv nach verloossen werten, ginn et och eng Reih Neizougäng ze vermellen. Niewt dem schon bekannten Trainer Emmanuel Da Costa verstärken dës Spiller de Swift.


Den 21-Joer jonken Kobe Bohets wiesselt vun Jong KVM op Hesper. Hien fillt sech an der Verteidegung wuel.
https://www.transfermarkt.com/kobe.../profil/spieler/761399


Mam Eldin Cikotic, och 21 Joer jonk, wiesselt en eemolegen Lëtzebuergeschen U21 Nationalspiller op den Holleschbierg. Hien kënnt vum FC Rodange 91.
https://www.transfermarkt.com/eldin.../profil/spieler/631485


Vun der Jeunesse Esch wiesselt den 22 Joer jonken Adrien Kack bei de Swift.
https://www.transfermarkt.com/adri.../profil/spieler/1030403


Och 22 Joer huet de Mathis Lemeray. Hien wiesselt vum US Avranches op Hesper.
https://www.transfermarkt.com/mathi.../profil/spieler/889835


De Jérôme Mabom ass e Stiermer, läscht Saison huet hien bei eisen Noperen zu Sandweiler gespillt.
https://www.transfermarkt.com/jero.../profil/spieler/1193888


Mam Noah Scheidweiler wiesselt en grousst Talent op Hesper! Den 19 Joer jonken Goalkeeper vun eiser U21 Nationalekipp huet secherlech nach eng grouss Zukunft virun sech!
https://www.transfermarkt.de/noah.../profil/spieler/586661


Eisen Stuerm gëtt duerch den Anthony Schmid verstärkt! Den fréieren éisträichechen U21 Nationalspiller kënnt vum A. Lustenau op Hesper.
https://www.transfermarkt.com/antho.../profil/spieler/266494


Aus der eegener Jugend sinn 3 Spiller erop an d‘1. Ekipp geklommen:
Mam Robin Kuenemann a mam Carmel Konde stinn zwee talentéiert a motivéiert jonk Goalkeeper prett, de Yanis Jankovic verstärkt eist Mëttelfeld.

Fotograféiert vum Marc Laroche

image
image
image
+6
image