A weider! Kloer Victoire géint d'Jeunesse Esch!

24th August 2024

club logo

Football Club Swift Hesper

No 90+28 Minutten (bedéngt duerch zwou Ennerbriechungen wéint Donnerwieder) steet et um Holleschbierg 5:1, an daat Resultat geet och an der Héicht méi wéi an d'Reih! An der 1.Minutt huet den Dominik Stolz déi éicht super Chance gehat, eng Minutt méi spéit huet den Selwegten de Ball dun och an de Goal geschoss! No 23 Minutten war et erem de Stolz den op 2:0 erhéicht huet. Nodems de Swift eng Reih gudd Chancen leien geloos hat, huet d'Jeunesse aus dem Näicht no engem Fehler op 2:1 verkierzt. An den 2. 45 Minutten huet de Match wéinst Donnerwieder zweemol missten ennerbrach ginn, De Swift war awer weiderhin déi dominant Ekipp. 

image